Dëse Geographiesartikel iwwer Italien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dës Säit beschäftegt sech mat der italienescher Stad Genua. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Genua (Homonymie).
Genua (ital:Genova, am Dialekt vu Ligurien: Zena) ass eng italienesch Groussstad am Nordweste vun Italien. Genua ass d'Haaptstad vun der Provënz Genua an d'Haaptstad vun der italienescher Regioun Ligurien. D'Stad selwer huet 596.380 Awunner (2014), am Groussraum wunnen awer ëm déi 800.000 Leit.