1940
Vu Wikipedia
19. Joerhonnert | 20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert
1935 | 1936 | 1937 | 1938 | 1939 | 1940 | 1941 | 1942 | 1943 | 1944 | 1945
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1940.
Inhaltsverzeechnes
Evenementer[änneren | Quelltext änneren]
Europa[änneren | Quelltext änneren]
- 8. Februar: D'Ghetto Łódź (méi spéit "Litzmannstadt" genannt), gëtt ageriicht.
- 12. Mäerz: De Finnesch-Sowjetesche Wanterkrich ass eriwwer. Friddenstraité vu Moskau verzicht Finnland op Karelien, bleift awer ee souveräne Staat. Vum 22. Juni 1941 un zéien d'Finne mat den däitschen Zaldote géint d'Sowjetunioun an de Krich.
- 18. Mäerz: Den Adolf Hitler an de Benito Mussolini begéine sech um Brennerpass an den Alpen a grënnen eng Allianz géint Frankräich a Groussbritannien.
- 27. Mäerz: Den Heinrich Himmler, "Reichsführer SS", gëtt den Uerder d'KZ Auschwitz opzeriichten.
- Mäerz/Abrëll: Massaker vu Katyn: Unitéite vum sowjetesche Geheimdéngscht NKWD ermuede bei Smolensk e puer dausend polnescch Offizéier an Zivilisten.
- 9. Abrëll: Unternehmen Weserübung: Däitsch Truppen iwwerfalen déi neutral Länner Dänemark an Norwegen.
- 12. Abrëll: Britesch Truppe besetzen d'Färöerinselen, déi zu Dänemark gehéieren.
- 10. Mee: Däitsch Truppe marschéieren an Holland, der Belsch an a Lëtzebuerg an. De Westfeldzuch huet ugefaangen.
- 10. Mee: A Groussbritannien trëtt d'Regierung Chamberlain zréck, de Winston Churchill iwwerhëlt d'Féierung vun enger Krichskoalitiounsregierung.
- 12. Mee: Ufank vum "Blitzkrieg" géint Frankräich.
- 13. Mee: Den Churchill hält seng bekannt Blood-Sweat-and-Tears-Ried virum britesche Parlament.
- 14. Mee: Rotterdam gëtt bombardéiert.
- 15. Mee: D'Hollännesch Regierung kapituléiert (bis op d'Provënz Zeeland).
- 16. Mee: Ufank vun der AB-Aktion am Generalgouvernement, bei där polnesch Resistenzler virun e Standgeriicht kommen an higeriicht ginn
- 26. Mee: Ufank vun der Schluecht vun Dunkerque; 340.000 alliéiert Zaldote ginn doropshin an England evakuéiert.
- 28. Mee: De Leopold III. kapituléiert mat sengen Truppe géintiwwer dem Däitsche Räich, iwwerdeems seng Regierung zu London am Exil ass.
- 4. Juni: Bekannt Ried vum Churchill We Shall Fight on the Beaches virum Parlament.
- 10. Juni: Nodeem déi franséisch an englesch Truppen Norwegen verlooss hunn, kapituléiert Norwegen virun der däitscher Arméi.
- 10. Juni: Italien erkläert Frankräich Groussbritannien de Krich.
- 14. Juni: Däitsch Truppe besetze Paräis.
- 14. Juni: D'KZ Auschwitz gëtt a Betrib geholl.
- 15.–17. Juni: D'Sowjetunioun besetzt Estland, Lettland a Litauen.
- 18. Juni: Appell du 18 juin vum Generol Charles de Gaulle vu London aus; hie stellt de Comité national français als provisoresch Exilregierung op.
- 22. Juni: Zu Compiègne gëtt am selwechte Wagon wéi 1918 de Waffestëllstand tëscht Frankräich an Däitschland ënnerschriwwen.
- 28. Juni: D'Rout Armée besetzt Bessarabien, déi nërdlech Bukowina an den Territoir vun Herza.
- 6. August: Estland gëtt gezwongen, der Sowjetunioun bäizetrieden.
- 13. August: Ufank vun der Loftschluecht ëm England; d'däitsch Luftwaffe bombardéiert Ariichtunge vund er Royal Air Force.
- 30. August: Däitschland an Italien erméiglechen et Ungarn, dat nërdlecht Transsylvanien, dat zu Rumänien gehéiert, z'anektéieren.
- 6. September: De Kinnek Carol II. vu Rumänien dankt zu Gonschte vu sengem Jong Michael I. of.
- 27. September: Den Dräimächtepakt tëscht dem Däitsche Räich, Italien an dem Japanesche Keeserräich gëtt zui Berlin ënnerschriwwen.
- 2. Oktober: Zu Warschau mussen ewell déi ronn 400.000 Judden an engem Ghetto liewen.
- 28. Oktober: De griichesche President Ioannis Metaxas refüséiert, den Italiener Stëtzpunkter a Griicheland z'accordéieren. Italienesch Truppe fänken doropshi vun Albanien aus un, Griicheland ze besetzen.
- 20.–24. November: Ungarn (20.), Rumänien (23.) an d'Slowakei (24.) trieden dem Dräimächtepakt bäi.
Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]
- 10. Mee: Nom Iwwerfall vun der Wehrmacht flüchten d'Groussherzogin Charlotte an d'Regierung a Frankräich, a vun do aus weider iwwer Portugal an d'USA, Kanada a Groussbritannien.
- 11. Mee: D'lëtzebuergesch Deputéiert protestéiert géint déi däitsch Invasioun. Den Albert Wehrer gëtt zum Mëttelsmann fir de Kontakt mat der däitscher Militärverwaltung designéiert.
- 16. Mee: D'Chamber erdeelt der Verwaltungskommissioun (President: Albert Wehrer) d'Vollmacht, quasi als Regierung ze fungéieren.
- 24. Juni: D'Groussherzogin an d'Regierungsmembere kommen, net zulescht dank engem Visum vum portugisesche Konsul zu Bordeaux, dem Aristides de Sousa Mendes, zu Lissabon un.
- 29. Juli: De Gauleiter Gustav Simon gëtt zum Chef vun der Zivilverwaltung (CdZ) zu Lëtzebuerg ernannt.
- 6. August: De Gauleiter Simon zitt mat 800 Polizisten a Lëtzebuerg an; hien hält seng éischt Ried op der Plëss d'Arem. Dat éischt Dekret vun him gëtt publizéiert, eng Sprachverordnung, déi Däitsch als eenzeg offiziell Sprooch zu Lëtzebuerg aféiert an d'Franséisch verbitt.
- 10. August: 4 Kreisleiter gi fir déi 4 Lëtzebuerger Distrikter ernannt.
- 14. August: Aus Protest géint déeen neien Här a Meeschter fänke vill Leit un, patriotesch Symboler un hir Kleeder ze spéngelen; wat spéiderhin Spéngelskrich genannt gëtt.
- 15. August: Lëtzebuerg gëtt Deel vum däitschen Douanes-Raum.
- 16. August: D'Einsatzkommando der Sicherheitspolizei (Sipo) und des Sicherheitsdienstes (SD) installéiere sech an der Villa Pauly an der Stad.
- 20. August: E Sondergericht gëtt opgesat.
- 23. August: All lëtzebeurgesch politesch Parteie ginn opgeléist a verbueden.
- 26. August: D'Reichsmark gëtt offiziell Währung, bis den 29. Januar 1941 parallel zum Belsch-Lëtzebuerger Frang, duerno eleng.
- 31. August: D'Nazi-Manifest "Heim ins Reich" gëtt am gläichgeschalten Tageblatt a Wort publizéiert.
- 5. September: D'Groussherzogin Charlotte riicht sech eng éischt Kéier iwwer d'BBC un d'Lëtzebuerger Bevëlkerung.
- 5. September: D'Nürnberger Gesetzer gëlle vun elo un och zu Lëtzebuerg.
- 3. Oktober: D'Groussherzogin Charlotte kënnt zu New York un.
- 21. Oktober: D'Monument un déi Lëtzebuerger Gefalen an der franséischer Friemelegioun am Éischte Weltkrich, d'Gëlle Fra, gëtt zerstéiert.
- 22. Oktober: D'Chamber an de Staatsrot ginn opgeléist an ofgeschaaft.
- 4. Dezember: D'Zaldote vun der Lëtzebuerger Fräiwëllegekompagnie ginn op Weimar deportéiert.
- 23. Dezember: D'Verwaltungskommissioun gëtt opgeléist.
Afrika[änneren | Quelltext änneren]
- 3. Juli: Operation Catapult: Britesch Fligere versenken en Deel vun der franséischer Flott bei Mers-el-Kebir, fir datt se net an d'Hänn vun den Däitsche soll falen; 1.297 Marine-Zaldote kommen ëm d'Liewen.
- 13. September: Ufank vun der Italienescher Invasioun vun Egypten.
- 9. Dezember: Ufank vun der Operation Compass, enger britescher Offensiv géint d'Italiener an Egypten.
Amerika[änneren | Quelltext änneren]
- 13. November: Zu Montréal a Kanada forméiert d'Groussherzogin Charlotte vu Lëtzebuerg eng Exilregierung.
USA[änneren | Quelltext änneren]
- 15. Mee: Déi éischt Nylonsstrëmp kommen an Amerika op de Maart.
- 5. November: De Roosevelt gëtt fir déi drëtt Kéier amerikanesche President.
Südamerika[änneren | Quelltext änneren]
Asien[änneren | Quelltext änneren]
Ozeanien & Pazifik[änneren | Quelltext änneren]
Arabesch Welt[änneren | Quelltext änneren]
Konscht a Kultur[änneren | Quelltext änneren]
Molerei[änneren | Quelltext änneren]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
Musek[änneren | Quelltext änneren]
Kino[änneren | Quelltext änneren]
- 28. Mäerz: Dem Alfred Hitchcock säi Film Rebecca feiert zu New York Première.
- 15. Oktober: Dem Charly Chaplin säi Film The Great Dictator leeft un.
- 13. November: De Film Fantasia vum Walt Disney kennt eraus.
Wëssenschaft an Technik[änneren | Quelltext änneren]
- De russesche Pilot Igor Sikorsky erfënnt den Helikopter.
- 7. Mäerz: D'Luxuspassagéierschëff Queen Elizabeth leeft um Enn vu senger Jungfernfahrt zu New York an den Hafen eran.
- 31. Mäerz: Zu New York gëtt dee modernste Fluchhafe vun der Welt, de La Guardia Airport opgemaach.
Sport[änneren | Quelltext änneren]
- 10. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 3:4 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Gusty Kemp (2) a Paul Feller geschoss.[1]
- 31. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt zu Rotterdam 5:4 géint Holland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Gusty Kemp (2), Ernest Mengel, Paul Feller an Emile Everard geschoss.[2]
- 7. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Bréissel 1:1 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Ernest Mengel geschoss.[3]
- 21. Abrëll: Den Tour de France gëtt ofgesot.
- 3. Mee: Den IOC annuléiert d'Olympesch Spiller.
Gebuer[änneren | Quelltext änneren]
- ?: Peter Mutharika, Politiker aus Malawi.
- ?: Silvia Torres-Peimbert, mexikanesch Astronomin a Physikerin
- 2. Januar: Saud ibn Faisal, saudesche Politiker.
- 4. Januar: Gao Xingjian, franséischen Auteur.
- 6. Januar: Olga Georges-Picot, franséisch Schauspillerin.
- 22. Januar: John Hurt, britesche Schauspiller.
- 24. Januar: Joachim Gauck, däitsche Paschtouer, Publizist a Staatsmann (11. Bundespresident).
- 27. Januar: Harry Kümel, belschen Dréibuchauteur, Schauspiller a Filmregisseur.
- 28. Januar: Guido Bachmann, schwäizeresche Schrëftsteller.
- 1. Februar: Jean-Marie Périer, franséische Fotograf a Filmregisseur.
- 5. Februar: Hansruedi Giger, Schwäizer Graphiker.
- 9. Februar J. M. Coetzee, südafrikanesche Schrëftsteller.
- 9. Februar: Marcel Theis, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 16. Februar: Fernand Théato, lëtzebuergesche Lokalhistoriker.
- 19. Februar: Saparmyrat Nyyazow, turkmeneschen Diktator.
- 19. Februar: Smokey Robinson, US-amerikanesche Sänger.
- 23. Februar: Peter Fonda, US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 24. Februar: Blanche Weicherding-Goergen, lëtzebuergesch Konschthistorikerin, Restauratorin.
- 2. Mäerz: Jon Finch, britesche Schauspiller.
- 2. Mäerz: Mamnoon Hussain, pakistanesche Geschäftsmann, Staatspresident.
- 2. Mäerz: Lothar de Maizière, däitsche Politiker, 1990 Ministerpresident vun der DDR.
- 5. Mäerz: François Colling, lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
- 7. Mäerz: Rudi Dutschke, däitsche Studenteleader, Dissident.
- 10. Mäerz: Chuck Norris, US-amerikanesche Schauspiller a Karateweltmeeschter.
- 11. Mäerz: Aly Knepper, lëtzebuergesche Schéisser.
- 12. Mäerz: Claude Fontaine, lëtzebuergesche Graphiker a Moler.
- 12. Mäerz: Al Jarreau, US-amerikaneschen Jazz-, Pop- an R & B-Sänger a Songauteur.
- 13. Mäerz: Jacqueline Sassard, franséisch Schauspillerin.
- 15. Mäerz: Hans Hirschmüller, Regisseur, Auteur a Schauspiller.
- 21. Mäerz: Solomon Burke, US-amerikanesche Museker.
- 26. Mäerz: James Caan, US-amerikanesche Schauspiller.
- 30. Mäerz: Astrud Gilberto, US-amerikanesch Sängerin a Komponistin.
- 1. Abrëll: Wangari Maathai, kenyanesch Wëssenschaftklerin, Aktivistin a Firddensnobelpräisdréierin.
- 2. Abrëll: Norbert Haupert, lëtzebuergesche Politiker, Sportler a Sportsfonktionnär.
- 7. Abrëll: René Pütz, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 12. Abrëll: Herbie Hancock, US-amerikaneschen Jazz-Pianist a Komponist
- 13. Abrëll: Jean-Marie Gustave Le Clézio, franséische Schrëftsteller.
- 13. Abrëll: Vladimir Cosma, rumänesche/franséische Filmmusekkomponist.
- 15. Abrëll: Sabine Sun, franséisch Schauspillerin.
- 16. Abrëll: Margrethe II., Kinnigin vun Dänemark.
- 17. Abrëll: Claire Bretécher, franséisch Zeechnerin.
- 17. Abrëll: Henri Wehenkel, lëtzebuergeschen Historiker a Politiker.
- 20. Abrëll: Marie-José Nat, franséisch Schauspillerin.
- 25. Abrëll: Michèle Frank, Molerin a Schrëftstellerin.
- 25. Abrëll: Al Pacino, US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur a Filmproduzent.
- 26. Abrëll: Giorgio Moroder, italienesche Produzent a Komponist.
- 6. Mee: Emil Angel, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 8. Mee: John Michael Talbot, US-amerikanesche Sänger, Gittarist, a Komponist.
- 25. Mee: Roger Kieffer, lëtzebuergesche Moler.
- 29. Mee: Faruk Ahmad Khan Leghari, pakistanesche Staatspresident.
- 2. Juni: Konstantin II., leschte Kinnek vu Griicheland.
- 6. Juli: Nursultan Nasarbajew, kasachesche Politiker a Staatspresident.
- 7. Juni: Tom Jones, britesche Pop-Sänger.
- 8. Juni: Nancy Sinatra, US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.
- 11. Juni: Georges Welbes, lëtzebuergesche Schwëmmer.
- 19. Juni: Pit Weyer, lëtzebuergesche Graphiker an Zeechner.
- 22. Juni: Abbas Kiarostami, iranesche Filmregisseur a Lyriker.
- 28. Juni: Muhammad Yunus, bangladescheschen Economist.
- 3. Juli: Fontella Bass, US-amerikanesch R&B- a Soul-Sängerin, Pianistin a Komponistin.
- 3. Juli: Jerzy Buzek, polnesche Politiker.
- 3. Juli: Peer Raben, däitsche Filmregisseur, Produzent, Dréibuchauteur, Schauspiller a Komponist.
- 7. Juli: Ringo Starr, britesche Museker.
- 15. Juli: Denis Héroux, kanadesche Filmregisseur a Filmproduzent.
- 24. Juli: Faustino Cima (Fausti), lëtzebuergeschen Entertainer.
- 27. Juli: Pina Bausch, däitsch Dänzerin a Choreographin.
- 2. August: Don LaFontaine, US-amerikanesche Stëmm-Schauspiller.
- 3. August: Martin Sheen, US-amerikanesche Schauspiller.
- 4. August: Abdurrahman Wahid, indonesesche Politiker, President.
- 7. August: Jean-Luc Dehaene, belsche Politiker.
- 10. August: Marie Versini, franséisch Schauspillerin.
- 17. August: Ady Schmit, lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer.
- 19. August: Nicolas Hoffmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 23. August: Émile Braas, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 24. August: Roger Andrieux, franséische Filmregisseur.
- 25. August: José van Dam, belsche Bass-Baritonsänger.
- 28. August: Philippe Léotard, franséische Schauspiller a Sänger.
- 3. September: Eduardo Galeano, uruguayesche Schrëftsteller.
- 3. September: Macha Méril, franséisch Schauspillerin.
- 5. September: Raquel Welch, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 5. September: Romaine Berens, lëtzebuergesch Romanistin a Konschthistorikerin.
- 7. September: Dario Argento, italieneschr Film-Regisseur an Dréibuchauteur.
- 7. September: Simone Theis, lëtzebuergesch Schwëmmerin.
- 11. September: Brian De Palma, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 13. September: Óscar Arias Sánchez, President vu Costa Rica, Friddensnobelpräisdréier.
- 15. September: Roby Hentges, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 17. September: Heidelinde Weis, éisträichesch Schauspillerin.
- 17. September: Lorella De Luca, italienesch Schauspillerin.
- 19. September: Karin Baal, däitsch Schauspillerin.
- 22. September: Anna Karina, dänesch Schauspillerin.
- 27. September: Roger Van Hool, belsche Schauspiller.
- 1. Oktober: Jean-Luc Bideau, Schwäizer Schauspiller.
- 5. Oktober: Joseph Kohnen, lëtzebuergesche Literaturfuerscher a -kritiker.
- 7. Oktober: Fernand Rau, lëtzebuergeschen Economist a Politiker.
- 9. Oktober: John Lennon, britesche Museker, Komponist an Auteur.
- 14. Oktober: Cliff Richard, britesche Popstar.
- 17. Oktober: Marion Michael, däitsch Schauspillerin.
- 21. Oktober: Manfred Mann, südafrikanesch-britesche Rockmuseker.
- 23. Oktober: Pelé, brasilianesche Foussballspieler.
- 28. Oktober: Paul Helminger, lëtzebuergesche Politiker.
- 4. November: Marlène Jobert, franséisch Schauspillerin.
- 4. November: Cristina Gaioni, italienesch Schauspillerin.
- 5. November: Elke Sommer, däitsch Schauspillerin, Schlagersängerin a Molerin.
- 8. November: Charles Thomas Kowal, US-amerikaneschen Astronom.
- 11. November: Louis Pilot, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 18. November: Qabus ibn Said, Sultan vun Oman.
- 18. November: Jean Lanners, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 20. November: Helma Sanders-Brahms, däitsch Filmregisseurin.
- 22. November: Terry Gilliam, US-amerikanesche Komiker, Regisseur an Zeechner.
- 22. November: Andrzej Żuławski, polnesche Filmregisseur.
- 27. November: Bruce Lee, Schauspiller vu Martial-Arts-Filmer.
- 27. November: Charles Reiff, lëtzebuergesche Boxer.
- 6. Dezember: Ray Hack, lëtzebuergesche Landesmeeschter am Boxen.
- 12. Dezember: Dionne Warwick, US-amerikanesch Sängerin an Tëleesmoderatorin.
- 14. Dezember: Paul Reiles, lëtzebuergesche Jurist.
- 15. Dezember: Barbara Valentin, éisträichesch Schauspillerin.
- 17. Dezember: Édika, franséische Comiczeechner.
- 18. Dezember: Nicolas Strotz, lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
- 21. Dezember: Frank Zappa, US-amerikanesche Museker a Komponist.
- 25. Dezember: Norbert Stomp, lëtzebuergesche Biolog, Professer a Muséesdirekter.
Gestuerwen[änneren | Quelltext änneren]
- Johny Grün, lëtzebuergesche Gewiichthiewer.
- 20. Januar: Joseph Gredt, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Philosoph.
- 25. Januar: Nicolas Klees, lëtzebuergeschen Apdikter.
- 28. Februar: Lise Rischard, lëtzebuergesch Spiounin.
- 29. Februar: Aage, Prënz vun Dänemark.
- 24. Mäerz: Édouard Branly, franséische Physiker.
- 16. Mäerz: Selma Lagerlöf, schwedesch Schrëftstellerin, Nobelpräisdréiesch.
- 26. Abrëll: Auguste Wirion, lëtzebuergesche Moler.
- 14. Mee: Emma Goldman, litauesch-US-amerikanesch Anarchistin, Feministin an Auteur.
- 16. Mee: Numa Charlier, belschen Offizéier a leschte Kommandant vum Fort de Boncelles.
- 3. Juni: Pierre Medinger, lëtzebuergesche Chemiker a Forensiker.
- 24. Juni: Alfred Fowler, engleschen Astronom.
- 29. Juni: Paul Klee, däitsche Moler.
- 1. Juli: Ben Turpin, US-amerikanesche Stommfilmkomiker.
- 4. Juli: Mathias Schaffner, lëtzebuergesche Politiker.
- 21. August: Leo Trotzki, russesche Revolutionär.
- 31. August: Raymond Smith Dugan, US-amerikaneschen Astronom.
- 26. September: Walter Benjamin, däitsche Philosoph a Literaturkritiker.
- 13. Oktober: Léon Moutrier, lëtzebuergesche Politiker.
- 17. Oktober: Lucien Linden, belsche Botaniker.
- 8. November: Arthur Vierendeel, belsche Bauingenieur.
- 9. November: Neville Chamberlain, britesche Politiker.
- 2. Dezember: Nikolaus Warker, lëtzebuergeschen Erzéier, Seeërchessammler a Schrëftsteller.
- 15. Dezember: Batty Weber, lëtzebuergesche Journalist, Feuilletonist a Schrëftsteller.
- 21. Dezember: Francis Scott Fitzgerald, US-amerikanesche Schrëftsteller.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
| Commons: 1940 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 10. Mäerz 1940 op der Websäit vum European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg den 31. Mäerz 1940 op der Websäit vum European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 7. Abrëll 1940 op der Websäit vum European Football