Kiew
| Київ Kiew | ||
|---|---|---|
| |
| |
| Land: | | |
| Verwaltungseenheet: | Oblast Kiew | |
| Gegrënnt: | 5. Joerhonnert | |
| Koordinaten: | 50° 27' 00" N 30° 30' 00" E | |
| Fläch: | 839 km² | |
| Awunner: | 2.816.504 (2009) | |
| Bevëlkerungsdicht: | 3.357 Aw./km² | |
| Héicht: | 179 m | |
| Zäitzon: | UTC+2 | |
| Buergermeeschter: | Vitali Klitschko | |
Kiew (ukr.: Київ - Kyjiw) ass d'Haaptstad vun der Ukrain an och vun der Oblast Kiew. Wéinst hirer geschichtlecher Roll gëtt se als Mamm vun alle ruthenesche Stied bezeechent.
D'Alstad läit op den Hiwwelen iwwer dem Floss Dnepr an déi nei Staddeeler fënnt een hautdesdaags op béiden Uwänner vum Floss. Kiew zielt ronn 2.700.000 Awunner a mat senger Agglomeratioun zesumme ganzer 3.015.108 (Stand 1. Januar 2005).
Inhaltsverzeechnes
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]
- Kiewer Hieleklouschter Lawra (12. Jh.)
- Sophiëkathedral (1037)
- Klouschterkierch vum Hl. Méchel (12. Jh.)
- Andreaskierch (1750)
- Wladimirkathedral (1889)
- Chreschtschatik-Boulevard (1954)
- Rodina Mat (1981)
Ekonomie an Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]
Kiew ass e wirtschaftlecht Zentrum (Stolindustrie, Maschinnebau, Fligerbau, Chimiesindustrie, etc.), Unzéiungspunkt fir den Tourismus an nieft Lwow an Odessa kulturelle Mëttelpunkt vum Land. Wéinst senge ville Kierchen a Kléischter a senger Bedeitung fir déi orthodox Chrëschte gëtt Kiew zanter dem Mëttelalter als Jerusalem vum Norde bezeechent. Déi ukrainesch Haaptstad ass awer och fir Zuch- a Fluchlinnen eng vun de wichtegste Verkéiersdréischeiwe vun Osteuropa an huet en Hafen um Dnepr.
Bekannt Kiewer[änneren | Quelltext änneren]
- Michail Bulgakow, russesche Schrëftsteller
- Scholem Alejchem, jiddesche Schrëftsteller
- Ilja Ehrenburg, sowjetesche Schrëftsteller a Journalist
- Edward Gottlieb, US-amerikaneschen Entreprener, Matgrënner vun der NBA
- Milla Jovovich, US-amerikanesch Schauspillerin
- Kasimir Malewitsch, ukrainesch-russesche Moler
- Igor Markevitch, Komponist an Dirigent
- Wazlaw Nijinski, russesche Ballettdänzer a Choreograph
- Igor Sikorski, Loftfaartpionéier a Konstrukteur vum éischte modernen Helikopter
- Golda Meïr, israelesch Politikerin
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Britta Wollenweber a Peter Franke: Kiew - Stadt der Goldenen Kuppeln am Dnjepr. Ein Reiseführer mit Hintergrund, Berlin, Wostok Verlag, 2004.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
| Commons: Kiew – Biller, Videoen oder Audiodateien |