D'Schmelz war éischter eng Manufaktur wéi eng Schmelz am moderne Sënn. Se huet aus enger Eisegéisserei, engem Emailléierwierk an engem Vernéckelungsatelier bestanen. Donieft gouf et e mechaneschen Atelier an en Hummerwierk. D'Produktioun hat e grousse Volet. Et goufen Eisen- a Blechkonstruktiounen hiergestallt, wéi Brécken, Diech, Gelänneren, Millewierker, Transmissiounen, Pompelen, Kelteren a landwirtschaftlech Maschinnen. Kesseliewen, Camionsachsen, Buggien a Waasserrengerer hunn zu de Spezialitéite vum Wierk gehéiert.
... de lëtzebuergesch-amerikaneschen Erfinder a Science-fiction-Auteur Hugo Gernsback (1884-1967) sech a senge Geschichten eng ganz Rëtsch technesch Konzepter ausgeduecht huet, déi eréischt an de Joerzéngten duerno developpéiert konnte ginn?
... d'Walnut Lane Bridge zu Philadelphia eng Kopie aus arméiertem Bëtong vun der Neier Bréck (Adolphe-Bréck) an der Stad Lëtzebuerg ass?
… den Tunnel ënner der Stad Lëtzebuerg uganks der 1960er Joren ugeluecht gouf, fir eng Ofwaasserleitung aus dem Péitrussdall mam Pafendall ze verbannen? Archiv