1975
Vu Wikipedia
19. Joerhonnert | 20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert
1970 | 1971 | 1972 | 1973 | 1974 | 1975 | 1976 | 1977 | 1978 | 1979 | 1980
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1975.
Inhaltsverzeechnes
Evenementer[änneren | Quelltext änneren]
Europa[änneren | Quelltext änneren]
- 22. November: Nom Doud vum Generol Franco gëtt de Juan Carlos I. zum Kinnek vu Spuenien proklaméiert.
- Zu Wien gëtt d'OPEC-Konferenz vun Terroristen iwwerfall. D'Geiselnahm vun 11 Ministeren hannerléisst 3 Doudeger.
- Griicheland gëtt no engem Plebiscite eng demokratesch Republik
Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]
- 18. Mee: Ronn 12.000 jonk Lëtzebuerger ginn deen Dag groussjäreg well d'Gesetz den Alter fir groussjäreg ze gi vun 21 op 18 Joer erofgesat huet.
- 1. Juni: Et gëtt obligatoresch fir de Sécherheetsgurt am Auto unzedinn.
- 16. September: De Gaston Thorn gëtt mat 135 vun 137 Stëmmen zum President vun der 30. UNO-Vollversammlung gewielt.
- 31. Oktober: Dat neit Gebai vum Fluchhafe Findel gëtt ageweit.
Afrika[änneren | Quelltext änneren]
- 6. November: Ongeféier 350.000 Marokkaner besetzen déi spuenesch Kolonie West-Sahara fir de marokkaneschen Usproch op d'Regioun ze manifestéieren.
- Biergerkrich an Ethiopien.
Amerika[änneren | Quelltext änneren]
USA[änneren | Quelltext änneren]
Südamerika[änneren | Quelltext änneren]
Asien[änneren | Quelltext änneren]
- 17. Abrëll: Phnom Penh, d'Haaptstad vu Kambodscha gëtt vun de Roude Khmer ënner dem Pol Pot ageholl.
- 30. Abrëll: De Vietnamkrich geet mat der Eruewerung vu Saigon duerch déi kommunistesch Forcen op en Enn. D'Regierung vu Südvietnam kapituléiert komplett an déi lescht Amerikaner verloosse gaangs d'Land.
Ozeanien & Pazifik[änneren | Quelltext änneren]
Arabesch Welt[änneren | Quelltext änneren]
Konscht a Kultur[änneren | Quelltext änneren]
Molerei[änneren | Quelltext änneren]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
Musek[änneren | Quelltext änneren]
- 22. Mäerz: D'Grupp Teach-In gewënnt fir Holland mam Lidd Ding-a-Dong den 20. Eurovision Song Contest zu Stockholm.
Wëssenschaft an Technik[änneren | Quelltext änneren]
- Den Amerikaner Bill Gates grënnt zesumme mam Paul Allen d'Firma Microsoft.
Sport[änneren | Quelltext änneren]
- D'Jeunesse Esch gëtt nationale Champion am Foussball, den US Rëmeleng gewënnt d'Coupe du Luxembourg.
- 16. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976 1:2 géint Éisträich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nico Braun geschoss.[1]
- 8. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Olympesch Summerspiller 1976 0:1 géint Holland.[2]
- 22. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Spakenburg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Olympesch Summerspiller 1976, 1:2 géint Holland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jean-Louis Margue geschoss.[3]
- 1. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976, 1:3 géint Wales. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Paul Philipp geschoss.[4]
- 15. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Wien, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976, 2:6 géint Éisträich. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Nico Braun a Paul Philipp geschoss.[5]
- 19. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Szombathely, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976, 1:8 géint Ungarn. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Gilbert Dussier geschoss.[6]
- 12. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Ensdorf 0:1 géint d'Bundesrepublik Däitschland.[7]
Gebuer[änneren | Quelltext änneren]
Gwenaël Kerléo, franséisch Harfspillerin.
- 11. Januar: Matteo Renzi, italienesche Politiker.
- 14. Januar: Annick Sinner, lëtzebuergesch Léierin an Illustratorin.
- 15. Januar: Fabienne Biever, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 4. Februar: Natalie Imbruglia, australesch Sängerin a Schauspillerin.
- 7. Februar: Barbara Samson, franséisch Schrëftstellerin.
- 18. Februar: Igor Dodon, moldawesche Politiker a Staatspresident.
- 22. Februar: Drew Barrymore, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 3. Mäerz: Thorunn Egilsdottir, lëtzebuergesch-islännesch Tëleespresentatrice, Sängerin a Model.
- 12. Mäerz: Sigmundur Davíð Gunnlaugsson, islännesche Politiker.
- 15. Mäerz: Wesselin Topalow, bulgaresche Groussmeeschter am Schach.
- 28. Mäerz: Anne Schiltz, lëtzebuergesch Anthropologin.
- 17. Abrëll: David Laborier, lëtzebuergesche Museker.
- 26. Abrëll: Joey Jordison, US-amerikanesche Museker.
- 27. Abrëll: Jeanine Unsen, lëtzebuergesch Fotografin.
- 30. Abrëll: Alija Bešić, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1. Mee: Yves Cruchten, lëtzebuergesche Politiker.
- 2. Mee: David Beckham, englesche Foussballspiller.
- 9. Mee: Pascale Hansen, lëtzebuergesch Affekotin a Politikerin
- 10. Mee: Frank Engel, lëtzebuergesche Politiker.
- 12. Mee: Jonah Lomu, neiséilännesche Rugbyspiller.
- 4. Juni: Angelina Jolie, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 25. Juni: Wladimir Kramnik, russesche Schachmeeschter.
- 27. Juni: Tobey Maguire, US-amerikanesche Schauspiller.
- 30. Juni: Ralf Schumacher, däitsche Formel-1-Pilot.
- 4. Juli: Yann Tonnar, lëtzebuergesche Filmmécher.
- 6. Juli: 50 Cent, US-amerikanesche Rapper.
- 18. August: Natalia Filatkina, russesch Linguistin.
- 9. September: Michael Bublé, kanadesche Sänger.
- 20. September: Juan Pablo Montoya, kolumbianesche Formel-1-Pilot.
- 5. Oktober: Kate Winslet, britesch Schauspillerin.
- 8. Oktober: Philippe Felgen, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 17. Oktober: Anne Kremer, lëtzebuergesch Tennisspillerin.
- 19. Oktober: Hilde Gerg, däitsch Alpinschileeferin.
- 5. November: Benoît Majerus, lëtzebuergeschen Historiker.
- 8. November: Cathy Richard, lëtzebuergesch Filmregisseurin.
- 21. November: Laurent Witz, franséischen Animatiounsfilmregisseur a -produzent.
- 1. Dezember: Steve Fries, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 19. Dezember: Milla Jovovich, russesch Schauspillerin a Fotomodel.
- 21. Dezember: Charles Michel, belsche Politiker.
- 30. Dezember: Tiger Woods, US-amerikanesche Golf-Spiller.
Gestuerwen[änneren | Quelltext änneren]
- 4. Januar: Carlo Levi, italienesche Schrëftsteller a Moler.
- 9. Januar: Pierre Fresnay, franséische Schauspiller.
- 5. Februar: Foni Tissen, lëtzebuergesche Konschterzéier a Moler.
- 9. Februar: Pierre Dac (André Isaac), franséischen Humorist.
- 14. Februar: P.G. Wodehouse, britesche Schrëftsteller a Komiker.
- 14. Februar: Mathias Weishaupt, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 17. Februar: François Léon Lefort, lëtzebuergesche Botaniker.
- 28. Februar: Jean Serres, lëtzebuergesche Boxer.
- 8. Mäerz: Joseph Bech, lëtzebuergesche Politiker.
- 8. Mäerz: George Stevens, US-amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 15. Mäerz: Aristotelis Onassis, Griichesche Riederei-Besëtzer.
- 16. Mäerz: Perle Mesta, US-amerikanesch Diplomatin.
- 22. Mäerz: Paul Verhoeven, däitsche Filmregisseur.
- 25. Mäerz: Victor Wassenich, lëtzebuergeschen Ornitholog an Zwangsrekrutéierten.
- 27. Mäerz: Frantz Heldenstein, lëtzebuergesche Sculpteur a Bannenarchitekt.
- 3. Abrëll: Mary Ure, schottesch Schauspillerin.
- 5. Abrëll: Tschang Kai-Tschek, chinesesche Politiker.
- 5. Abrëll: Harold Osborn, amerikanesche Liichtathlet.
- 12. Abrëll: Josephine Baker, US-amerikanesch/franséisch Dänzerin, Schauspillerin, Sängerin a Resistenzlerin.
- 3. Mee: Jean-Pierre Urbing, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 6. Mee: Fernand Verhaegen, belsche Moler.
- 8. Mee: Pol Albrecht, lëtzebuergesche Museker a Komponist.
- 18. Mee: Leroy Anderson, US-amerikanesche Komponist.
- 30. Mee: Michel Simon, franséische Schauspiller.
- 26. Juni: Josémaria Escriva de Balaguer, Grënner vum Opus Dei.
- 27. Juni: Robert Stolz, éisträichesche Komponist.
- 10. Juli: Achille Van Acker, belsche Politiker.
- 13. Juli: Aloyse Deitz, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 9. August: Dmitri Schostakowitsch, sowjetrussesche Komponist.
- 11. August: Anthony McAuliffe, US-amerikanesche Generol am Zweete Weltkrich.
- 27. August: Haile Selassie I. vun Ethiopien.
- 18. September: Felix Weil, däitsch-argentinesche Mäzen.
- 20. September: Saint-John Perse, franséischen Dichter, Nobelpräisdréier.
- 1. Oktober: Eugène Rodenbourg, lëtzebuergesche Magistrat.
- 27. Oktober: Rex Stout, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 30. Oktober: Peter Faber, lëtzebuergesche Schrëftsteller, Chansonnier a Kabarettist.
- 2. November: Pier Paolo Pasolini, italienesche Schrëftsteller a Filmregisseur.
- 17. November: Rudolf Palgen, lëtzebuergesche Philolog.
- 20. November: Francisco Franco, spuenesche Politiker a Generol.
- 23. November: Ernest Ludovicy, lëtzebuergesche Pedagog a Schrëftsteller.
- 30. November: Tony Jungblut, lëtzebuergeschen Auteur, Journalist, Geriichtschroniker an Editeur.
- 4. Dezember: Hannah Arendt, däitsch Philosophin.
- 24. Dezember: Bernard Herrmann, Us-amerikanesche Komponist an Dirigent.
- 26. Dezember: Pierre Hentges sen., lëtzebuergeschen Turner, Auteur an Olympionik.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
| Commons: 1975 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Éisträich de 16. Mäerz 1975 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland den 8. Abrëll 1975 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg den 22. Abrëll 1975 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Wales den 1. Mee 1975 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Éisträich-Lëtzebuerg de 15. Oktober 1975 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Ungarn-Lëtzebuerg den 19. Oktober 1975 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Däitschland-Lëtzebuerg den 19. Oktober 1975 op der Websäit vun European Football