Twitter | Buscar | |
radio 100,7
Luxembourg's public service radio
6.666
Tweets
284
Seguindo
4.567
Seguidores
Tweets
radio 100,7 21 min
Wann et der Regierung no geet, da soll den 9. Mee schonn dëst Joer e Feierdag ginn an d'Zuel vun de legale Congés-Deeg soll schonn 2019 op 26 pro Joer klammen. Dat seet de Premierminister Xavier Bettel op Nofro hin.
Reply Retweet Curtir
radio 100,7 1 h
Op der Zuchlinne 60B, tëscht Näerzeng, Keel, Téiteng a Rëmeleng, fueren zënter dem Donneschdeg kéng Zich méi. D'CFL soen, et wieren net genuch Zich disponibel. Bis Enn Januar soll d'Linn elo mol zou bleiwen.
Reply Retweet Curtir
radio 100,7 3 h
De Kasemattentheater bréngt e Stéck op d'Bühn, dat sech mat der Definitioun an der Sich nom Gléck ausenanersetzt. D'Ëmsetzung vum "De Cabinet vum Dokter Menasse" huet d'Valerija Berdi awer net ganz glécklech gemaach.
Reply Retweet Curtir
radio 100,7 3 h
Mat de Symphonie 4 a 5 setzt den Andrew Manze de leschten Taktstréch hanner eng nei Integrale vum Felix Mendelssohn Bartholdy senge Symphonien a bréngt e frësche Wand an d'Mendelssohn-Diskographie.
Reply Retweet Curtir
radio 100,7 5 h
Haut Freideg géif hien de Projet de loi, fir en neie Feierdag den 9. Mee, am Regierungsrot presentéieren, seet den Aarbechtsminister. Iwwer eventuell Adaptatiounen um Text misst nach diskutéiert ginn.
Reply Retweet Curtir
radio 100,7 6 h
D'Flüchtlinge konnten no wochelaangem Waarden op de Rettungsschëffer u Land goen. D'EU-Politik stécht awer an der Sakgaass. Beim Brexit kënnt Bréissel der britescher Premierministesch net entgéint. Den EU-Wocheréckbléck mat der .
Reply Retweet Curtir
radio 100,7 7 h
Journaliste maache Feeler. Dat heescht awer net, datt een hinne pauschal ka virwerfen, Fake News ze verbreeden. Wee2050 / Nee 2015 mécht awer genee dat. D' fënnt dat problematesch.
Reply Retweet Curtir
radio 100,7 8 h
Déi däitsch Pkw-Maut soll am Hierscht 2020 ageféiert ginn. De Lëtzebuerger Mobilitéitsminister reagéiert éischter geloossen dorop. Zu Lëtzebuerg wier elo mol keen esou ee Peage geplangt.
Reply Retweet Curtir
radio 100,7 10 de jan
Bei der CSV kandidéieren de 26. Januar um Nationalkongress de Frank Engel an de Serge Wilmes fir neie Partei-President ze ginn. De Félix Eischen ass den eenzege Kandidat fir de Poste vum neien CSV-Generalsekretär.
Reply Retweet Curtir
radio 100,7 10 de jan
Et géif kee Sënn maachen, all déi kleng lokal Kommissariater aus politeschen oder psychologesche Grënn bäizebehalen, seet de François Bausch. Dat wier net méi zäitgeméiss, sou den neie Policeminister.
Reply Retweet Curtir
radio 100,7 10 de jan
De Marc Olinger ass sécher ee Mënsch, deen hei zu Lëtzebuerg den Theater wéi kaum en anere markéiert huet. 2015 ass de Marc Olinger vill ze fréi gestuerwen. De Jean-Claude Majerus erënnert sech.
Reply Retweet Curtir
radio 100,7 10 de jan
Le chemin s'annonce difficile pour Theresa May lors de la reprise des débats sur le Brexit. Que s'est-il passé depuis la reprise, quelle est l'ambiance, et quelles sont les prochaines étapes à venir ?
Reply Retweet Curtir
radio 100,7 10 de jan
Déi zukünfteg Grondsteier misst "gerecht a sozial" sinn, seet d' . Si misst awer och en Instrument ginn, fir d'Spekulatioun mat Terrainen ze ënnerbannen, esou d'Ministesch.
Reply Retweet Curtir
radio 100,7 10 de jan
Déi 49 Refugiéen, déi op de Rettungsschëffer vun den ONGe Sea-Watch a Sea-Eye festsouzen, konnten elo op Malta u Land goen. Zwar gouf kuerzfristeg eng Léisung fonnt, laangfristeg ass awer keng en Vue.
Reply Retweet Curtir
radio 100,7 10 de jan
Ob räich oder aarm, an egal wou op der Welt, all Mënschen deelen eppes: si erliewen eng dramatesch Ännerung vun de Wieder- a Klimaconditiounen. E puer Iwwerleeunge vun der Simone Beck.
Reply Retweet Curtir
radio 100,7 9 de jan
Am drëtten Deel vun eiser Podcast-Serie geet et ëm dem Pierre Werner seng Fra Henriette, hir Elteren, hiert soziaalt Engagement an d'Entwécklung vun de Fraerechter zu Lëtzebuerg.
Reply Retweet Curtir
radio 100,7 9 de jan
Zanter 40 Joer existéiert zu Lëtzebuerg déi hollännesch Kanner- a Jugendbibliothéik. Hei kann ee sech Bicher ausléinen, just ënner enger Konditioun: et muss een Hollännesch kënnen.
Reply Retweet Curtir
radio 100,7 9 de jan
Reply Retweet Curtir
radio 100,7 9 de jan
Lëtzebuerg wier bereet, sechs Refugiéen opzehuelen. Dat seet den Ausseminister Jean Asselborn. Detailer ginn et nach keng, d'Gespréicher mat de malteseschen Autoritéite wieren nach am gaangen.
Reply Retweet Curtir
radio 100,7 9 de jan
Vu wéini u muss e Betrib eng Personaldelegatioun stellen? Mussen an engem Betrib mat méi Gesellschaften och méi Personaldelegatioune gewielt ginn? D'confédération luxembourgeoise du commerce liwwert Äntwerten.
Reply Retweet Curtir